Mir sangen

 

Beim Bierkebësch

Audio file
Audio file
Classes
Cycle 1
Cycle 2
Kategorie
Uechter d'Joer
  • Erzielt, erkläert d'Aarbecht vum Ouschterhues a fierft Ouschtereeër oder Biller dovun oder bastelt eng Hatt a fëllt se mat Eeër.
  • Erkläert (weist, moolt) folgend Wierder: Schléiwendär, Ouschternuecht, Hatt, trappt, schlauft, Lär.
  • Spillt all Wuert mat 3 Silben, oder bei all Faarf, déi am Lidd virkënnt, op de Claves mat.
  • Maacht e Kreesspill (Strophen 1, 4 a 5): All d'Kanner ausser eent sëtzen am Krees, maachen d'Aen zou, a sangen d'Lidd. Dat eent Kand ass den Ouschterhues an huet e faarwegt Ouschteree. Et leet d'Ee hannert e Kand op de Buedem a geet weider. Zum Schluss dréien all d'Kanner sech ëm. Dat Kand, dat d'Ee kritt huet, steet op a probéiert dat anert Kand ze fänken (ewéi "Schau nicht um, der Fuchs geht um").