Mir sangen

 

Den Hierscht ass do

  • Wéi kann d'Wieder am Hierscht sinn? Erkläert: E fierft all Blieder.
  • Moolt (pecht, bastelt) en Hierschtbam! • Lauschtert d'Melodie vum Lidd. Wéi kléngt se? Wéi eng Stëmmung dréckt se aus? Wéi nennt een dat musikalesch?
  • Begleet d'Lidd mat engem "Rainmaker" oder maacht d'Geräischer vum Reen a vum Wand mat den Instrumenter oder op ärem Kierper no.

In meinem kleinen Apfel

  • Wien ass de Wolfgang Amadäus Mozart? Wou huet hie gelieft? Wat wësst dir nach iwwert hien?
  • Moolt d'Stiffercher am Apel, an deenen d'Käre wunnen. • Wéi mécht een et fir en Äppelbam ze planzen?
  • Schwätzt den Text ouni ze sangen a begleet en op de Rhythmusinstrumenter!

Klëmmt e Männchen d'Leeder rop

  • Erkläert de Begrëff Tounleeder (hei mat nëmme 5 Téin). Spillt eng Tounleeder a stellt se op enger Trap duer.
  • Huelt en Instrument a stellt folgend Begrëffer musikalesch duer: rop, rof, héich an déif. Benotzt dofir e Xylophon oder e Glackespill.
  • Maacht 2 Gruppen. Déi eng sangen d'Lidd an déi aner spillen d'Leeder erop an d'Leeder erof um Xylophon mat.
  • Begleet d'Lidd mat Gesten: Leeder erop- resp. erofklammen, Apel deen op de Kapp fält, mam Zeigefanger no vir an no hanne wénken, ...

Bam, wou sinn deng Blieder

  • Schwätzt iwwer d'Joreszäiten (sicht Fester a Vakanzen déi dra falen) a moolt e Bam am Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter.
  • Fixéiert e plakege Bam un d'Mauer. D'Kanner mole Blieder fir dropzepechen.
  • Spillt den 1., 3., 5. a 7. Takt op de Claves an den 2., 4., 6.an 8. Takt op der Trommel. Sot iech den Text am Kapp dobäi.
  • Maacht 2 Gruppen. Déi 1. Grupp spillt den 1. an 3. Takt um Xylophon an déi 2. Grupp den 2. a 4. Takt.

Liebe Mutter

  • Wéini ass Mammen- a Pappendag zu Lëtzebuerg an an anere Länner? Firwat feieren d'Grousselteren och deen Dag?
  • Firwat gëtt et Mammendag? Iwwerleet iech Kaddosiddien, déi näischt kaschten (z.B. d'Spull maachen).
  • Schreift d'Lidd ëm: "Lieber Vater" oder schreift en Text op lëtzebuergesch: Meng léif Mamma, meng léif Mamma, ...
  • Maacht 2 Gruppen. Déi 1. séngt déi 1. Rei, an déi 2. Grupp déi 2. Rei.
  • Spillt den 1. Schlag vun all Takt op enger Handtrommel an den 2. an den 3. op de Claves.