Mir sangen

 

Old Mac Donald had a farm

  • Sicht déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Nimm fir déi eenzel Déieren.
  • Wat huet den Old Mac Donald nach op sengem Haff?
  • Deelt iech a Gruppe vun 2-3 Kanner op. All Grupp séngt eng aner Stroph. Den hee-a, hee-a ho sangt dir all zesummen.
  • Sangt den hee-a, hee-a ho net, mee spillt en um Xylophon.
  • Begleet d’Lidd op Rhythmusinstrumenter.

Tchinn, tchinn, tchinn

  • Léiert 5 einfach Wierder op chinesesch a sicht China op enger Weltkaart oder um Globus. Wat wësst dir nach iwwert dat Land?
  • Chapeau chinois: Wéi gesäit esou en Hutt aus? Ginn et nach aner typesch chinesesch Kleedungsstécker oder Requisiten?
  • Übt folgend Rei um Xylophon: J'aime la Chine et mon chapeau chinois.
  • Schlot virun all Widderhuelung lues op e klenge Gong.
  • Maacht en Danz an der Form ACBC, andeems dir en Danzschrëtt sicht fir d'Täkt 1 an 2, fir d'Täkt 3 a 4, a fir d'Täkt 5 a 6.

Halli, hallo, Halunken

  • Wat ass um Text "komesch"? Sicht aner onsënneg Strophen!
  • Wéi eng geometresch Formen tauchen am Text op? Wéi eng kennt dir nach?
  • Maacht 2 Gruppen: - Grupp 1: Spillt Halli,... um Xylophon, - Grupp 2: Spillt die Fische... um Xylophon.
  • Begleet d'Lidd rhythmesch an 2 Gruppen: - Grupp 1: Begleet Halli,... op de Claves, - Grupp 2: Begleet die Fische... op der Handtrommel.
  • Sicht eng Beweegung fir bei Halli, hallo an eng aner fir bei Halunken an ertrunken.

What shall we do with the drunken sailor

  • Moolt e Pirateschëff an e Piratefändel.
  • Verkleet iech als Pirat.
  • Wat ass d'Liblingsgedrénks vun de Piraten? Wouraus gëtt dat gemaach?
  • Baut iech e Schëff aus Still, Karton, Seeler, déi um Buedem leien. Ruddert beim Refrain am Takt vum Lidd a schunkelt hin an hier, wéi d'Piraten um Schëff.
  • Huelt eng eidel Plastiksfläsch a klappt bei de Strophen mat de Fläschen op är Been nom Rhythmus vum Lidd.

Lundi matin

  • Wéi heeschen d'Wochendeeg op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch?
  • Bastelt oder moolt e Kalenner a schreift op, wat op all Wochendag extra ass.
  • Deelt iech a 7 Gruppen. All Grupp séngt en aneren Dag. Sangt de leschte Saz vun all Strof zesummen.

Ah! Mon bon château

  • Sangt d'Lidd mat ofwiesselende Partien (A a B).
  • Bastelt e Schlass aus Pabeier, Karton, Toiletterullen, asw ...
  • Begleet ma tantirelirelire op engem Rhythmusinstrument.
  • Begleet alles ausser ma tantirelirelire op engem Rhythmusinstrument.

Meunier, tu dors

  • Aus wéivill Deeler besteet dëst Lidd? Wat ass den Ënnerscheed?
  • Beweegt iech op d'Lidd (anescht am 1. Deel wéi am 2. Deel).
  • Wéi eng Zorte Millen ginn et? Erkläert d'Funktioun vun enger Millen.
  • Begleet d'Lidd rhythmesch (1. Deel: Spillt op den 1. Schlag mat enger Handtrommel an op den 2. an 3. Schlag mat de Claves, 2. Deel: Spillt op den 1. an den 2. Schlag mat der Handtrommel oder de Claves).
  • Sangt de Refrain ouni Playback a begleet e mat Gesten, andeems dir déi eng Hand ronderëm déi aner dréit, an dat ëmmer méi séier!