Mir sangen

 

Do kriss d'en Daler

  • Wat ass en Daler? Wéi heeschen eis Suen haut? Wéi hu se geheescht, wéi är Elteren (Grousselteren) esou al ware wéi dir?
  • Wat kritt een um Maart ze kafen? Bastelt e Maartstand a moolt Biller mat Saachen, déi een um Maart kritt.
  • Begleet d'Lidd op der Handtrommel oder de Claves a spillt just den dirlidirlidänzchen op de Maracas.
  • Spillt d'Lidd zu 2 an 2: Ee Kand streckt seng Hand mat der Handfläch no uewen no vir. Dat anert Kand heemelt d'Hand ëmmer um 1. Schlag vum Takt. Bei dirlidirlidänzchen këddelt et deem anere Kand seng Hand.

Was müssen das für Bäume sein

  • Maacht 2 Gruppen, déi eng Grupp sinn d'Elefanten, déi aner Grupp sinn d'Beem, déi roueg stoe bleiwen. Gitt beim Sange vum Lidd ewéi Elefanten tëschent de Beem erduerch (ronderëm), ouni iech ze stoussen! Dono wiesselen.
  • Stitt ëmmer beim Wuert Bäume op!
  • Begleet d'Lidd mat Trommelen, déi dir ëmmer um 1. Schlag vun all Takt spillt.

De Kueb an de Fuuss

  • Wéi nennt een eng Geschicht, wou Déiere schwätze kënnen?
  • Kennt dir änlech Geschichten?
  • Ënnersträicht am Lidd all déi Wierder, déi dir net verstitt! Wat kéinte se bedeiten? Kontrolléiert är Iwwerleeung mat engem Dictionnaire!
  • Erfannt selwer esou eng Geschicht.
  • Begleet de Refrain op Rhythmusinstrumenter.

Kiewerlek, komm

  • Wéi eng Kiewerleke kennt dir, a wéi eng Déieren, déi fléie kënnen, kennt dir nach?
  • Begleet den 1. Schlag vun all Takt mat engem Triangel.
  • Stitt beim Wuert Kiewerlek op.
  • Übt d’Kiewerlek, komm-Plazen um Xylophon.