Mir sangen

 

Et reent

  • Op wat fält de Reen nach? Klappt d'Silben dovun, z.B: Blum-men, Gras, Prab-be-li. Sicht nach Strophen dobäi!
  • Firwat ass de Reen wichteg? Wat fir Néierschléi ginn et a wouraus besti se?
  • Wat kann ee maachen, datt een net naass gëtt?

Kuckuck, ruft's aus dem Wald

  • Wie war den Hoffmann von Fallersleben a wat huet hien nach geschriwwen?
  • Wéi eng Vulle kommen am Fréijoer nees zeréck an Europa? Wéi eng Vulle bleiwen am Wanter hei?
  • A wéi engem Takt ass d'Lidd geschriwwen?
  • Spillt Do - La (oder deen Intervall) op engem Péckvillchen oder op Xylophonen.
  • Spillt den 1. Schlag vun all Takt op enger Handtrommel an den 2. an den 3. op de Claves.

Beim Bierkebësch

  • Erzielt, erkläert d'Aarbecht vum Ouschterhues a fierft Ouschtereeër oder Biller dovun oder bastelt eng Hatt a fëllt se mat Eeër.
  • Erkläert (weist, moolt) folgend Wierder: Schléiwendär, Ouschternuecht, Hatt, trappt, schlauft, Lär.
  • Spillt all Wuert mat 3 Silben, oder bei all Faarf, déi am Lidd virkënnt, op de Claves mat.
  • Maacht e Kreesspill (Strophen 1, 4 a 5): All d'Kanner ausser eent sëtzen am Krees, maachen d'Aen zou, a sangen d'Lidd. Dat eent Kand ass den Ouschterhues an huet e faarwegt Ouschteree. Et leet d'Ee hannert e Kand op de Buedem a geet weider.

Fuesent, 't ass Fuesent

  • Firwat ass d'Fuesent eng lëschteg Zäit?
  • Als wat kann ee sech verkleeden? Setzt dat am Liddtext an: "Als Clown/ Hex / Gespenst / ... gëtt sech verkleet"
  • Wat brauch een, fir sech als Clown, Indianer, Pinguin, ... ze verkleeden?
  • Spillt déi 2 éischt Täkt um Xylophon mat.
  • Maacht 2 Gruppen. D'Grupp A séngt ëmmer déi 2 éischt Täkt vun all Stroph an d‘Grupp B déi 2 lescht.

Mon bonhomme que tu es beau

  • Baut (moolt, bastelt, pecht) e Schnéimann a wann et geschneit huet, sangt d'Lidd dobaussen an iwwerleet iech aner flott Aktivitéiten am Schnéi.
  • Weist op d'Kierperdeeler, déi am Text virkommen!
  • Spillt d'Geschicht vum Lidd pantomimesch no an erkläert firwat de Schnéimann d'Keelt gär huet an d'Hëtzt net?
  • Stitt bei all Adjektiv op. Wéivill mol sidd dir opgestanen?

Schnéi an Äis

  • Wéi eng Faarwe fannt dir an der Natur (d'Sonn ass owes rout; de Schnéi ass wäiss; ...)?
  • Wat deckt de Schnéi zou? Klappt de Rhythmus vun dëse Wierder a setzt se am Text vum Lidd an!
  • Streckt beim Sange vum Lidd d'Äerm liicht auserneen a fänkt mat den Hänn déi (imaginär) Schnéiflacken op, fir datt se net op de Buedem falen.
  • Loosst der Rei no d'Wierder Schnéi, Äis, alles a sëlwerwäiss ewech a klappt amplaz an d'Hänn, patscht op d'Knéien oder stampft op de Buedem. Dir kënnt och d'Rhythmusinstrumenter benotzen.