Fannt eraus, wat eng galette ass, sicht e Rezept a baakt der.
Wéi eng Zorte galette ginn et?
Iesst op Dräikinneksdag eng "Galette des rois" a bastelt eng Kroun fir de Kinnek.
Nennt anert Gebäck, wat dir gär iesst a sicht no, wéi déi Saachen op Franséisch heeschen. Sangt d'Lidd mat deene Begrëffer, ewéi z.B. J’aime le croissant…
D'Klass gëtt a 4 gedeelt. All Grupp spillt en anert Rhythmusinstrument. Déi 1. Grupp spillt Takt 1 an 2, déi 2. Grupp Takt 3 a 4, déi 3. Grupp Takt 5 a 6 an déi lescht Takt 7 an 8. Dono gëtt gewiesselt.
Wéi heeschen d'Kierperdeeler op lëtzebuergesch, däitsch, franséisch an englesch?
Begleet d'Lidd op Rhythmusinstrumenter. Spillt am éischten Deel vum Lidd ëmmer op den 1.Schlag vun all Takt. An am 2.Deel vum Lidd ëmmer wann dir e Kierperdeel héiert.
Maacht e Beweegungslidd doraus, andeems dir dee Kierperdeel vun deem grad am Lidd gesonge gëtt, beweegt, mat den Hänn drop klappt oder mat de Fanger drop tuppt. Bei ainsi danse Jean-Petit dréint iech eemol ronderëm iech selwer.
Gitt am Takt duerch de Sall a maacht dobäi d'Rudderbeweegung mat den Äerm dobäi.
Iwwert wéi ee Floss kann een zu Lëtzebuerg/ an Europa/ op der ganzer Welt rudderen?
Sangt d'Lidd am Kanon. Fir d'éischt 2-stëmmeg; wann der dat kënnt, da probéiert lues a lues weider Stëmmen dobäi.
Maacht e Rudderspill a sangt d'Lidd dobäi. Bei engem Rudderspill mécht ee 4 Booter (Equippen) an et ruddert een op eng Insel, wou eppes feelt. Den éischten aus all Boot muss déi Saach siche goen. Wien als éischt zréck ass, kritt e Punkt.
Erfannt eng Rhythmusbegleedung zu dësem Lidd. Benotzt dobäi folgend Instrumenter: Triangel, Schellekranz, Handtrommel, Holzblock.
Wie war de Carl Orff?
Maacht 4 Gruppen. All Grupp spillt 1 Takt um Xylophon. D'Grupp 1 spillt den 1. Takt, d'Grupp 2 den 2. Takt, an d'Grupp 3 den 3. Takt, d'Grupp 4 de 4. Takt. Esou gëtt d'Lidd no an no opgebaut. D'Gruppe kënnen dono gewiesselt ginn.